@rtl.letzebuerg: En 0:0, dee sech bal wéi eng Victoire ufillt: Géint den amtéierenden Europameeschter stoungen d'Kapverdianer e Méindeg den Owend an der éischter WM-Partie vum Grupp H wéi eng Mauer an erkämpfe sech géint "La Roja" e Punkt. Zu Ettelbréck gouf e grousse Public Viewing organiséiert, bei deem de wichtege Punktgewënn natierlech gefeiert gouf. #capvert #futtball #worldcup #rtllëtzebuerg #ettelbréck